Skip to main content
Eis Projeten

Aktiv dobaussen

Bei guddem Wieder schwätzt alles dofir, fir sech ee maximum dobaussen opzehalen.
Et ginn esou vill flott Spiller déi mir mat iech dobaussen kenne spillen, op am Haff vum Jugendhaus, oder soss iergendwou zu Luerenzweiler oder Lëntgen. Mir wäerten eis Camionnette mat alle méigleche Spiller déi mir hunn (Ping-Pong, Petanque, Volleyball, Cornhole, Spikeball, etc.) voll paken an vir iech duerch di zwou Gemengen fueren an spillen.
Wanns du eis gesäiss duerch Luerenzweiler oder Lëntgen fueren, an du waars awer nach ni am Jugendhaus, dann ass dat och egal! Schwätz eis un a kuck wat mir alles dobäi hunn. Zesumme verbrénge mir flott, sportlech Nomëtteger dobaussen an der frescher Loft!

Inklusioun

D’Jugendhaus ass de Jugendlechen hiert Haus. Déi eenzeg Konditioun fir an d’Jugendhaus ze kommen ass ganz einfach, du muss e Jugendlëche sinn tëscht 12 an 26 Joer. Jiddereen, tëscht 12 an 26 ass also wëllkomm. Fir weider Informatiounen oder eventuell Kooperatiounen zéckt net eis ze kontaktéieren.

Des Weideren schaffe mir mat Coopérations ASBL, mat deene mir zesummen, minimum eemol am Mount, Aktivitéiten organiséieren, bleift also opmieksam ob eis Aktivitéiten.

Opsichend Jugendaarbecht

D’Erzéier vum Jugendhaus An der Sonn maachen opsichend Jugendaarbecht. Dat heescht mir sinn net nëmmen am Jugendhaus täteg mee och um Terrain, souwuel zu Luerenzweiler wei och zu Lëntgen. Zil ass et, en direkte Kontakt mam Jonken ze hunn, an ob déi Jonk aus béide Gemengen, déi nach net an d‘Jugendhaus kommen, duer ze goen.

Opsichend Jugendaarbecht heescht net nëmmen um Terrain präsent sinn, mee awer och do wou eis Jonk sech befannen. Dat heescht ënner anerem och präsent sinn ob de Social Medias, wéi Instagram, Facebook, Playstation an Snapchat. Wanns du och an deene Social Medias präsent bass, zéck net eis do ze adden oder ze followen.

GIMB

Eise Projet "GIMB" (Gesond Iessen, méi beweegen) leeft säit Summer 2019. Well de Projet esou e groussen Succès huet, maache mir deen natierlech weider mat eisen Jonken. De Schockela gëtt ëmmer méi oft duerch ee frëscht Stéck Uebst oder ee leckere Smoothie ersat.

Mee och probéieren mir zesumme mat de Jonken aner gesond Alternativen aus. Mir probéieren mat hinnen zesummen alles méigleches selwer ze kachen, zum Beispill, d'Nuddelen, déi maachen mir zesummen selwer maachen. Mir bidden de Jonken och all Freiden een Menü un, esou dat Sie och eppes neits kënne léieren, an gesinn ewéi gutt gesond iessen awer schmaachen kann.

An eisem Projet ass awer net nëmmen den Volet gesond iessen, mee och méi beweegen. Do hu mir zum Beispill Fitness a Box Material fir d'Jugendhaus kaf. D’Gemeng huet eis am neie Jugendhaus en Multisport zur Verfügung gestallt. Do kënnen déi Jonk verschidde Sportaarten dreiwen.

Projet Präventioun

D'Sexualitéit ass e grousst an e wichtegt Thema, dofir wëllen mir am Jugendhaus ganz oppen iwwert dat Thema schwätzen. Mir fannen et wichteg dat déi Jonk wëssen wat mat hirem Kierper an der Pubertéit geschitt, an awer och u wien si sech wende kënnen fir all Informatiounen.
Mee och dat sie bei eis kommen kënnen an mir ëmmer een oppent Ouer fir Sie hunn. Mir proposéieren och eng ganz Rei Aktivitéiten zu dem Thema.

Hygiène-Produkter fir Meedercher an Jongen, ginn op den Toiletten zur Verfügung gestallt ( Deo, Binden, Kondomer, etc.)

Well den Führerschäin och bei de Jugendlechen ee grousst Thema ass,sensibiliséiere mir si no Besoin an Demande, zum Beispill Alkohol an Drogen um Steierrad. Wat fir een Afloss hunn d‘Drogen oder aner Substanzen op däin Fuerverhalen an wat sinn d'Konsequenzen.

Smartphone-Café

Déi zwee Servicer vun der Asbl Uelzechtdall, d’Jugendhaus an der Sonn an de Club Uelzechtdall, an Zesummenaarbecht mat der Associatioun GoldenMe, invitéieren Iech op eise Smartphone-Café.

Am Smartphone-Café kënnt dir mat ärem Handy, Tablett an/oder Laptop laanschtkommen an dir kritt dann individuell Berodung an Äntwerten op är
Froen am Zesummenhang mam Fonctionnement vun ärem Material.

Op et elo drëms geet, eng App erof ze lueden, oder d’Funktiounen vun deene verschiddene soziale Medien ze notzen, e Profil ze erstellen oder eng Videokonferenz ze maachen, am Smartphone-Café kritt dir an enger
entspaanter Atmosphäre all néideg Hëllef.

Déi Jugendlech aus dem Jugendhaus ginn iech, mat Hëllef vun der Organisatioun GoldenMe, eng perséinlech a kompetent Berodung. Kaffi a Kuch hu mir natierlech och vir iech do.

Dës Aktivitéit ass gratis, déi Jugendlech wieren awer frou iwwer all klengen Don, well Sie sech dermadder hir Aktivitéite am Jugendhaus finanzéiere wëllen.

Dir kënnt iech vir dës Aktivitéit beim Club umellen (263364-1 oder Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.), dir kënnt awer och spontan laanschtkommen, sou wéi dir Zäit hutt!

Jugendhaus An der Sonn