Programm
Wat leeft all dag?
Hei am Jugendhaus kanns du all Dag Kicker, Ping Pong an Darts spillen. Des Weideren hunn mir eng grouss Auswiel vun Gesellschaftsspiller fir iech. Wann de Loscht op Gaming hues, hunn mir verschidden Spiller fir Playstation 5 souwéi och fir Switch.
Kicker
Ping Pong
Darts
Gesellschaftsspiller
Playstation 5 - Switch
Musek
Zesumme kachen
Wéini ? all Freiden
Wou? Am Jugendhaus
Präis? 2€ bis 3€ pro Persoun
Freides ass bei eis ëmmer Kachdag. Zesummen wiele mir aus wat mir kache wëllen. Da fuere mir zesummen akafen a schlussendlech verbrénge mir een flotten Nomëtten wou mir all zesumme kachen, den Dësch decken, zesummen iessen an natierlech och zesummen ofraumen. Do wou jiddereen eng Hand mat upéckt ass et vill méi einfach fir eis alleguer. Esoubal d‘Wierder et erlaabt kënnen mir och Grillen.
An net vergiessen! Et muss een sech ëmmer bis spéitstens Mettwochs bei eis umellen.
Sportsnomëtten
Wéini? All 2. Samschden
Wou? Luerenzweiler/Lëntgen
Präis? Gratis!
All zweeten Samschden bidden mir Iech eng Sportsaktivitéit un. Zesumme kënne mir dann Fussball, Volleyball, Pingpong, Foot-Tennis, Corn-Hole, etc. spillen. Wann’s du Loscht hues da komm wärend der Woch an d’Jugendhaus an mir entscheeden zesummen wat fir ee Sport mir maachen. Mir freeën eis op Iech.
Kreativitéit
Wéini ? wann du Loscht hues
Wou ? am Jugendhaus
Präis? Gratis!
Du hues ee kreative Kapp an hues Loscht ze kniwwelen an ze bastelen? D'Team vum Jugendhaus proposéiert all Woch eng kreativ Aktivitéit an all deng Iddien si wëllkomm! Schwätz eis drop un, ziel eis deng Iddi an mir kucke fir se ëmzesetzen!
Gesellschaftsspiller
Wéini? All Mëttwoch
Wou? Am Jugendhaus
Präis? Gratis !
All Mëttwoch Nomëtten ab 16 Auer hu mir ee Spillnomëtteg. Gesellschaftsspiller kennt jiddereen an et mëscht ëmmer déck Spaass all zesummen ze spillen. Mir hunn och lauter flott nei Spiller kaf, déi iech zur Verfügung stinn. Mee wann du e coolt Spill Doheem hues an du wëlls eis dat gäre weisen, dann kanns du et ganz gäre matbréngen. Also op wien waarts du? Komm laanscht an verbréng ee flotten Nomëtten mat eis.
Fitness
Wéini ? All Dënschden an Donneschden
Wou ? Am Jugendhaus oder am Pidal (mir fueren dann zesummen dohin oder treffen ais do)
Präiss ? Gratis !
All Dënschden an Donneschden kënne mir an d‘ Pidal op Walfer goen, d’Entrée fir eis ass gratis. D’Auerzäiten kënnen ënnerschiddlech sinn, fro bei dengen Educateuren vum Jugendhaus no.
Kino
Wéini ? 1x de Mount
Wou ? Kinépolis Kirchberg
Präis ? 50 % vum Kinosticket
Hues du Loscht op Kino ?
Mell dech bei eis a so eis wat fir ee Film dass du gäre géifs gesinn. Zesummen decidéiere mir dann, wat fir ee Film mir kucke ginn. Mir treffen eis beim Jugendhaus a fueren zesummen dohinner. Also vergiess dech net anzeschreiwen an verbréng een flotte Nomëtteg mat eis am Kino.
Hausaufgabenhëllef
Wéini ? all Dag
Wou ? am Jugendhaus
Präis ? Gratis!!
Hues du an engem Fach Schwieregkeeten oder brauchs du Hëllef bei dengen Hausaufgaben?
Da komm roueg bis an d’Jugendhaus, mir hëllefen dir dobäi däi Schouljoer esou gutt wéi méiglech ze packen. Waart net bis op den leschte Stëppel an maach eppes fir deng Zukunft.
Zesumme baken
Wéini? All Dënschden
Wou? am Jugendhaus
Präis? Gratis, deemno wéi grouss den 'Projet' as: 1-2 €
Op Jonk oder Aal, ee gudde selwergemaache Kuch ass ëmmer ee Genoss. Mir am Jugendhaus baken all Woch. Mir kennen gäre virplangen wat an wéini mir baken, mee wann du haut Loscht hues op Cookies, Brownies oder wat dir esou afält, dann komm an d’Jugendhaus an mir baken an genéissen zesummen.